VC Steinfort Beach
D'Iwerweisung gëllt als Referenz fir d'Aschreiwung bei de verschidden Tournoi'en.
Fir all d'Tournoi'en ginn maximal 24 Ekippen ugeholl.
Soubaal een Tournoi komplett ass, ginn di nächst Ekippen als Reserve gehaal fir wann eng Equipe giff oofsprangen.
(Dei Ekippen déi net ugeholl kënnen ginn, kréien hiert Startgeld an der Woch nom Tournoi zeréck wann se et iwwerwisen hunn. Eng Ekipp déi ugeholl ass an déi sech manner wéi 5 Deeg virum Tournoi ofmellt oder net um Tournoi untrëtt, kritt kee Startgeld zeréck)
D'Tournoien ginn folgenderweis gespillt:
- Samschdes, de 11. Juni 2022 4 x 4 loisir (max. 1 Lizenséierten)
- Sonndes, den 12. Juni 2022 4 x 4 loisir (max. 1 Lizenséierten)
- Samschdes, de 16. Juli 2022 4 x 4 loisir (max. 1 Lizenséierten)
- Sonndes, den 17. Juli 2022 4 x 4 loisir (max. 1 Lizenséierten)
D'Startgeld fir een Daag ass 55€ / Ekipp an fir zwee Deeg 95€ / Ekipp. An all Umellung sinn schon 10€ Consommatiounsbongen mat dran. (Fir eng Umellung vun 2 Deeg, ginn et dann 20€ Consommatiounsbongen)
Soubaal dir d'Iwwerweisung gemaach hutt sidd dir ageschriwwen.
-
Bankkontakt: CCRALULL LU57 0090 0000 5189 5043
Mir freeën eis Iech dann kënnen ze begréissen.
Den VC Steinfort